Déi 5 Chaletën (68 m2) befannen sech op enger Héischt vun
+- 500 m mëtten an enger wäitleefiger Gréngfläch mat Beem an enger grousser
Spillwiss mat 2 Fußballgoaler, iwwerdeckter Sandkëscht, Schaukel-a
Klotergerüst. Dir kënnt a Rou eng herrlich Aussicht iwwert d’éislécker Landschaft
genéissen.
Dës Vakanzeplaz ass ideal fir Familljen mat Kanner oder
fir Gäscht, déi sech a ländlicher Emgéigend erhuele wëllen. Och äeren Hond "Käschten 1€ /Dag / Hond oder Hausdeier" ass
häerzlech wëllkom a stellt kee Probleem fir äer Vakanz duer.
An den emleiende Bëscher kënnt Dir gutt spazéieren. Mir
hunn och Klasseuren mat kuerzen oder laange Spazéierweeër, déi Dir geléint kënnt
kréien.
De „Poul“ as 8 km vu Veianen ( Vianden) ewech, wou Dir
z.B. dat bekannte Schlass kënnt kucke goën. Och ass eng schéin ope Schwämm do.
Plaze wéi Klierf (Clervaux) an Dikkrich
(Diekirch) si mam Auto an 20 Minutten z’ erreechen. Dir hutt och d’Méiglechkeet,
een Ausflug an d’Noopeschlänner Daitschland oder an d’Belsch ze maachen.
Andeelung an Ariichtung:
*Wunnraum mat enger Ubaukichen ( Kachmaschin mat 4-Gasflamen,
Hott, Frigo mat Tiefkühlfach
*Buedzëmmer mit Dusch, Toilett a Lavabo
*Agangsraum mit Trap op den 1. Stack, wou 2 Schlofzëmmeren si mat je 2 Eenzelbetter mat Këssen a Fiederbett souwéi
Kleederschaf
*Kannerbett a Kannerstull sinn an all Chalet, eng Babybidden
an ee Secherheetsgitter fir an d’Trap hu mir och
D’ Chaletën si fir 6 Persounen ageriicht, optimal fir 4
Erwuessener an ee klengt Kand.
Am Wunnraum steet een 2-Persouneklappbett oder ee stabile
„ Canapé- lit“ vun 140 x 200 .
Op der Terrass steet een Dësch mat 6 Still. Mir hun och ee
grousse Grill, deen dir ausléine kënnt.
Präisser :
Haaptsaison : 470
Euro pro Woch
Niewesaison : 350 Euro pro Woch oder 70-80 Euro pro Nuecht
Extra Käschten : Stroumverbrauch
0.50 Euro pro KW
Wann Dir selwer nët botze wëllt, maache mir dat fir
40Euro
Wäschmaschin- an Trocknergebrauch géint Bezuelung méiglech
Zousätzlech Informatiounen :
- Dir kënnt
mam Auto beim Chalet parken
- Mir schätze letzebuerg, hollännisch, daitsch, franzéisch
an englisch
- Eis Gäscht solle
selwer Bettbezich, Hand- und Kichendicher
matbréngen.
|